E Mëttwoch de MoienZu Rouspert stoung eng Scheier a Flamen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, gouf et e Mëttwoch de Moie géint 9.30 Auer e Feier an enger Scheier an der Rue du Barrage zu Rouspert.
© Domingos Oliveira / RTL

Et gouf kee blesséiert, allerdéngs waren d’Pompjeeë vun 10 verschiddenen Asazzentren un de Läschaarbechte bedeelegt. Nieft de Pompjeeë vu Rouspert waren och d’Secouriste vun Uesweller, Konsdref, Iechternach, Gréiwemaacher-Mäertert, Jonglënster, Lëtzebuerg, Hesper, Miersch an Nidderaanwen-Schëtter op der Plaz. Och zwou Ambulanze waren do.

© Domingos Oliveira / RTL

Zu Rammerech an der Rue de Schwiedelbrouch hat en Trakter gebrannt. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Réiden, de Gato an d’Pompjeeë vu Rammerech, Ell an aus der Nordstad. Zu Schëffleng op der Herbett hat Dreck gebrannt. D’Feier gouf vun de Pompjeeë vu Schëffleng geläscht.

Back to Top
CIM LOGO