Zeienopruff vun der PoliceZu Schieren gouf a verschidden Autoen agebrach

RTL Lëtzebuerg
Zu Schieren gouf an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg an 8 Autoen agebrach, respektiv et gouf probéiert se opzemaachen.
© Police / Brücker Andy

Dat mellt d’Police um Méindeg de Moien. Ënnert anerem am Neie Wee, an der Lëtzebuerger Strooss an der Rue de l’Abattoir, an der Rue Verte an Ënnert den Thermen war dat de Fall.

Wien eppes gesinn huet oder soss Hiweiser ka ginn, soll sech bei der Police vun Dikrech-Veianen mellen.

Tel: (+352) 244-801000
Email police.diekirchvianden@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO