
Zu Wäicherdang bei Clierf goufen an de leschten Deeg zwee Schof vun engem Hond gerass. Deen éischte Virfall war warscheinlech de 26. Juni an deen zweeten tëscht dem 3. an dem 7. Juli.
All Informatioune si fir d'Police vu Clierf, dat entweder iwwer Mail (police.troisvierges@police.etat.lu) oder per Telefon (+352 244 87 1000).