D'Gemeng deelt matZu Wolz gëtt et aktuell eng Stroumpann

RTL Lëtzebuerg
Ursaach vun der Stroumpann ass wuel eng futtis Stroumleitung duerch ee Chantier.
Zu Wolz gëtt et aktuell eng Stroumpann.
Zu Wolz gëtt et aktuell eng Stroumpann.
© Marc Hoscheid

Wéi e Responsabele vun der Gemeng e Freideg de Mëtteg matgedeelt huet, gëtt et aktuell eng Stroumpann zu Wolz, déi d'Route de Winseler, d'Rue Michel Thilges an d'Avenue de la Gare betrëfft. Ursaach vun der Stroumpann ass wuel eng futtis Stroumleitung duerch ee Chantier, heescht et vun der Gemeng.

D'Creos wier informéiert a géif zesumme mat der Gemeng un enger Léisung schaffen, fir d'Pann esou séier wéi méiglech ze behiewen.

Back to Top
CIM LOGO