Police warntZwee Abriecher op der Flucht - keng Leit am Raum Diddeleng mathuelen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf der Police ëm 11.40 Auer een Abroch an een Haus an der Rue Antoine Zinnen zu Diddeleng gemellt.

Zwee Verdächteger sinn doropshin a Richtung vum Zentrum vun der Stad fortgelaf. Am Raum Diddeleng soll een dowéinst den Ament keng Leit mathuelen a verdächteg Persounen ënnert der Nummer 113 ze mellen.

Ee vun den zwee Männer ass ronn 1,80 Meter grouss an huet eng Glatz. Hien huet ee schwaarze Kaputzepullover, eng Jeansbox a wäiss Schong un. Den zweete presuméierte Brigang huet schwaarz Hoer, eng gro oder schwaarz Jackett an ee schwaarze Rucksak. Béid Männer hunn eng wäiss Hautfaarf, esou d’Police.

Back to Top
CIM LOGO