
Um 6.38 Auer war tëschent Sëll a Schweebech en Auto an e Bam gerannt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. D'Secouriste vu Béiwen- a Réiden-Atert waren op der Plaz.
Géint 8.30 Auer dann e weideren Accident op der A4 a Richtung Stad tëschent Leideleng-Süd a Leideleng-Nord: Zwee Autoen hate sech hei ze pake kritt an et gouf nees eng Persoun verwonnt. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Monnerech, Schëffleng an Esch.