
Een éischten Accident gouf et ëm 17.30 Auer zu Stroossen, wou zwee Autoe matenee kollidéiert waren. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren. Op der N17 tëscht Tandel a Furen huet et da géint 19.20 Auer geknuppt. Et war een Auto am Coup an eng Ambulanz aus der Nordstad war op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren.
Ëm kuerz viru 4 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg gouf et dann nach ee Feier zu Dierbech. Blesséiert gouf hei zum Gléck keen.