Samu am AsazZwee Blesséierter bei Kollisioun tëscht Auto a Moto

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto zu Déifferdeng sinn en Dënschdeg de Mëtteg zwou Persoune blesséiert ginn.
© Jeannot Ries

An der Rue Emile Mark zu Déifferdeng sinn en Dënschdeg de Mëtteg um kuerz viru 17 Auer en Auto an e Moto matenee kollidéiert, zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Op der Plaz waren de Samu, souwéi och d'Secouriste vu Käerjeng, Beetebuerg, an aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng.

Am Laf vum Mëttwoch de Moie waren d'Ekippe vum CGDIS dann nach op zwee weider Accidenter geruff ginn.

Bei enger Kollisioun géint 8 Auer zu Esch an der Rue Michel Rodange blouf et beim Materialschued. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch.
Op der A4 tëscht Leideleng-Süd a Leideleng-Nord gouf et kuerz virun 10:30 Auer ee Blesséierter bei enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei hu sech d'Ambulanciere vun Esch an d'Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng ëm de Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO