CGDISZwee Blesséierter bei zwee Accidenter um Méindegmëtteg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Blesséierter bei zwee Accidenter um Méindeg de Mëtteg.
© Laurent Weber

Zu Colmer-Bierg koum et e Méindeg kuerz no 16 Auer zu engem Accident mat zwee Autoen, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Miersch a Colmer-Bierg.

Eng weider Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf et um 16:20 Auer um Biergerkräiz, och hei gouf et ee Blesséierten. Am Asaz waren d'Ekippe vu Steesel an aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO