
Um 23:41 Auer e Mëttwoch ass en Auto op der RN06 tëscht Bartreng a Mamer accidentéiert, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren de Stater SAMU an d'Ekippe vu Mamer.
E puer Minutten drop koum et zu engem weideren Accident op der RN11 tëscht Gonnereng an dem Waldhaff, och hei gëtt eng blesséiert Persoun gemellt. D'Ekippe vun Nidderaanwen a Jonglënster waren am Asaz.