PoliceZwee Déif goufen en Dënschdeg de Moie gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Eng Kéier gouf e Passant an der Stad iwwerfall, an déi aner Kéier gouf en Déif an engem Akafszentrum in flagranti erwëscht.
© RTL Archiv

An der Stad gouf en Dënschdeg de Moie géint 11 Auer e Passant vun engem Mann ugegraff. Nodeems dësen hie geschloen hat, huet en him den Handy aus dem Grapp gerappt. Duerno huet en d'Suen, déi an der Housse waren, u sech geholl an den Telefon zréck a Richtung vum Besëtzer gehäit. Den Handy ass op de Buedem gefall a gouf beschiedegt.

Den Täter ass an Direktioun Gare fortgelaf. D'Affer gouf net blesséiert a konnt mat Hëllef vun engem anere Passant d'Police informéieren. Direkt e puer Zeien konnten eng Persounebeschreiwung ginn. De Verdächtege gouf doropshi géint 11.30 an der Rue Bender am Garer Quartier fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll geschriwwen an déi geklaute Sue goufe séchergestallt.

Géint 8.10 Auer hat d'Sécherheetspersonal an engem Akafszenter an der Stad an der Rue des Scillas en Déif in flagranti erwëscht. Dësen hat versicht, eng Spillkonsol ze klauen. No Ermëttlunge gouf festgestallt, dass déi Persoun nach fir weider rezent Déifställ am selwechte Buttek soll responsabel sinn a wéinst engem Déifstallversuch an engem aneren Akafszenter verdächtegt gëtt.

Well de Mann just eng auslännesch Openthaltsgeneemegung hat, gouf den zoustännege Service vun der Kriminalpolice informéiert. No Récksprooch vum zoustännege Beamte mat dem Immigratiounsdepartement vum Ausseministère gouf de Mann op Uerder hin en attente d'expulsion ënnerbruecht.

Back to Top
CIM LOGO