
Zu Nidderkuer hunn zwee Männer Suen aus der Keess a Vodkafläsche geklaut. Och zu Rodange goufe Suen an Alkohol geklaut. D’Täter hu sech an engem groen Auto a Richtung Frankräich fort gemaach.
Den éischten Informatiounen no, handelt et sech, der Police no, ëm déi selwecht Täter.
Hei déi offiziell Täterbeschreiwung vun der Police:
Zu Schieren ass an der Nuecht op e Sonndeg dann nach an eng Rei vun Autoen agebrach ginn. Déi onbekannt Täter waren an der Rue Verte, um Neie Wee, an der Rue de l’Abbatoir an an der Route de Luxembourg um wierk. Alles an allem gouf a siwen Autoen agebrach an et gouf ee Laptop, een iPad, ee bloe Rucksak mat Blummemuster, an zwee Sonnebrëller vun der Mark Cacharel a Mini geklaut. Och Boergeld hunn den oder déi Déif matgoe gelooss.