An der Halloween-NuechtZwee Männer an der Stad attackéiert a vill Kaméidi uechtert d'Land

RTL Lëtzebuerg
Weider mellt d'Police nach verschidden Abréch an aner Strofdoten aus der leschter Nuecht.

Géit 3.30 Auer goufen zwou Persoune an der Avenue Monterey an der Stad vun zwou anere Persounen ugegraff. D’Täter sinn dono fortgelaf. Déi zwee Affer koumen an d’Spidol, eng vun de Persounen hat verschidde Blessuren am Gesiicht.

Da mellt d’Police, datt op verschiddene Plazen am Land agebrach gouf. Dat ënner anerem zu Diddeleng, wou eng Dier aus Glas hannert dem Haus opgebrach gouf, dann awer och zu Sandweiler, um Cents, zu Heeschdref an zu Ettelbréck. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

An der Halloween-Nuecht waren d’Beamten dann iwwer 30 Mol wéinst dem Stéiere vun der Nuetsrou am Asaz. Meeschtens war et wéinst ze haarder Musek aus Bistroen oder Privatwunnengen, respektiv datt Persounen, déi sech virun der Dier opgehalen hunn, däitlech ze vill Kaméidi gemaach hunn. An de meeschte Fäll konnten d’Beamten d’Situatioun awer op der Plaz klären, well déi betraffe Persounen de Problem agesinn hunn.

Bei enger Halloween-Party zu Ell ware Gäscht mat enger staark alkoholiséierter Persoun unenee geroden. D’Police war op der Plaz, fir d’Situatioun ze berouegen, de CGDIS gouf geruff, fir sech ëm déi alkoholiséiert Persoun ze këmmeren.

Zu Diddeleng gouf d’Police geruff, well verschidde Gäscht e Café net wollte verloossen, wéi deen um 1 Auer zougemaach huet. Dobäi hunn d’Clienten esouguer d’Personal attackéiert, ma d’Beamten, déi grad dunn agetraff sinn, konnte Schlëmmeres verhënneren. Eng Persoun wollt sech net berouegen an huet de Recht vun der Nuecht um Policebüro misste verbréngen. Si gouf protokolléiert an de Parquet gouf informéiert.

Back to Top
CIM LOGO