
Wéinst engem Verstouss géint d'Gesetz vun Oktober 2010 a Saache Lutte géint d'Wäisswäsche vu Suen a géint de Finanzement vum Terrorissem, sinn zwee Männer en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vu 5.000€ veruerteelt ginn.
Donieft gouf nach d'Confiscatioun vun eppes iwwer 285.000€ gesprach, déi déi zwee am Februar 2017 am Zuch vu Frankräich op Lëtzebuerg bei sech haten. Domat hate si sech net un d'Virschrëft gehalen, dass se "just" 10.000 € an d'Land eran, aus dem Land eraus oder duerch de Grand-Duché erduerch transportéieren dierften.