
Eng 30 Salariéeë verléieren duerch dës zwou Faillitten hir Aarbecht. D'Gewerkschaft wier am gaangen de Concernéierten, déi sech scho beim Syndicat gemellt hunn, esouwuel um administrative wéi och um legale Plang ënnert d'Ärem ze gräifen, fir datt d'Leit entschiedegt ginn.
D'Bauentreprise "Mir Bauen SARL" an den Usträicherbetrib "My Construct SARL" hunn alle béid de selwechte Sëtz zu Péiteng.