SAMU op der PlazZwou Persoune bei Kollisioun tëscht Nidderaanwen a Mënsbech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt um Méindegmoien zwee Accidenter, bei deenen insgesamt dräi Persoune blesséiert goufen.
Beim Accident um Méindegmoie goufen zwou Persoune blesséiert.
Beim Accident um Méindegmoie goufen zwou Persoune blesséiert.
© Domingos Oliveira

Um CR132 tëscht Nidderaanwen a Mënsbech koum et kuerz virun 9 Auer e Méindeg zu enger Kollisioun tëscht enger Camionnette an engem Auto – zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. D’Sekuriste vun direkt e puer Asazzenter waren op der Plaz, dorënner och de SAMU.

Och schonn um kuerz virun 8 Auer war et zu engem Accident komm, dat um CR115 tëscht dem Rouscht a Kruuchten, wou eng Persoun ugestouss a blesséiert gouf. Op der Plaz waren d’Sekuriste vu Miersch a vu Biissen.

Back to Top
CIM LOGO