
Éischten RTL-Informatiounen no war et kuerz no 19 Auer zu enger mëssgléckter Landung vun engem klenge Sportfliger komm. De CEO vu Luxairport Alexander Flassak huet den Tëschefall spéider confirméiert. Zwou Persounen, déi am Sportsfliger souzen, wiere liicht blesséiert ginn. Der Police no war et dem Pilot schlecht ginn. Bei Luxairport housch et zousätzlech, datt d’Fuerwierk net an där Positioun war, an där et hätt misste sinn.

An engem Communiqué deelt Lux-Airport mat, dass de liichte Fliger no e puer honnert Meter zum Stoe koum, an net méi ze manövréiere war, sou dass d’Landebunn direkt hat mussen zougemaach ginn. Dat hat zur Folleg, dass eng Rei Vollen hate mussen ëmgeleet oder annuléiert ginn.
Nodeems d’Pilote medezinesch versuergt waren an d’Police zesumme mat der AET eng technesch Investigatioun duerchgeféiert haten, konnt den accidentéierte Fliger vun der Landepist geholl ginn. D’Pist gouf duerno gebotzt an op Schied oder technesch Problemer ënnersicht, éiert se um 23.07 Auer rëm opgemaach gouf.
Liest hei de Communiqué vu Lux-Airport.