Un däitsch-schwäizerescher Grenz23 Familljememberen an engem Auto ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Net schlecht gestaunt hat e Schwäizer Douanier e Méindeg un der Grenz zu Däitschland, wéi hien en Auto mat insgesamt 23 Passagéier kontrolléiert hat.
© AFP/Archiv/Fabrice COFFRINI

Am Gefier, dat u sech nëmme 7 Sëtzplazen hat, souzen 9 Erwuessener a 14 Kanner. D’Schwäizer Autoritéiten hunn doropshin direkt déi däitsch Police kontaktéiert.

Bei de Leit soll et sech ëm eng Groussfamill aus Polen handelen, déi a Richtung Bern ënnerwee war. De Chauffer, e Schwäizer Resident, muss elo mat enger Geldstrof rechnen. D’Famill dierft schlussendlech an d’Schwäiz areesen, awer net alleguer an engem Auto.

Back to Top
CIM LOGO