Tréier4 Joer ale Jong verléiert seng Mamm aus den Aen a geet op de Policebüro

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg stoung viru Policebüro zu Tréier ee 4 Joer ale Jong, dee grouss Krokodilstréine gekrasch huet.
© afp

De Bouf ass op zwee Beamten duergelaf komm, an huet hinne gesot, hien hätt seng Elteren an der Stad verluer. Si hunn de Jong mat op de Büro geholl an hu probéiert, d’Elteren ze fannen. D’Mamm vum Jong hat sech hirersäits scho beim Noutruff gemellt. Mam Policeauto ass et dunn fir de 4 Joer ale Jong zeréck an den Zentrum gaangen, wou d’Elteren, deenen dem Policebulletin no sichtlech ee Stee vum Häerz gefall ass, hire Bouf dunn zeréckkruten.

Back to Top
CIM LOGO