An der Géigend vum Eiffeltuerm40 PSG-Fans festgeholl wéinst onerlaabtem Freedefeier

Tom Nols
Déi Paräisser Police huet e Samschdeg Owend 40 Fans vum PSG an den Arrest gesat, déi no beim weltbekannten Tuerm d'Succèse vun hirem Veräin feiere wollten.
© SEBASTIEN SALOM-GOMIS/AFP

An der franséischer Haaptstad si 40 Futtballfans festgeholl ginn, well se an der Géigend vum Eiffeltuerm Dampbommen a Freedefeier gezünt hunn. 36 Männer a véier Frae si wéinst dem Besëtz vu Pyrotechnik, der Bedeelegung un enger Versammlung fir d’Beschiedege vun ëffentlechen Objeten a Gewaltdoten an den Arrest komm, heescht et aus Kreesser vun der Police.

E Samschdeg den Owend wier op Biller vun Iwwerwaachungskamerae festgestallt ginn, dass e Grupp Mënschen am Weste vun der Stad Dampbommen, Rakéiten a Knupperten ugefaangen hätten. Déi Concernéiert hunn ausgesot, si wiere Fans vu Paris Saint-Germain, an hätten d’Succèse vun hirem Club wëlle feieren, dorënner de Gewënn vun der Champions League am Mee.

De Parquet huet Ermëttlungen ageleet wéinst virsätzlechem Gefäerde vun der ëffentlecher Sécherheet. Donieft gëtt ermëttelt wéinst engem Freedefeier, dat virdrun net ugemellt war. Zu änleche Virfäll wa et schonn am November komm, wéi e Grupp vu ronn 100 Leit um Bord vun der Seine an op e puer Brécken Dampbomme gezünt haten. Unhand vu Biller a Videoen op de Soziale Medie war deemools festgestallt ginn, dass et Fans vum marokkanesche Futtballclub Wydad AC Casablanca waren.

Back to Top
CIM LOGO