Spektakulär Rettungsaktioun a Florida62 Mënschen op Silvester vun engem Riserad gerett

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë vun Orange County aus dem US-Bundesstaat Florida hunn e Video vun engem spektakuläre Rettungsasaz verëffentlecht.
© Orange Co Fire Rescue

Am Video, dee vun enger Dron gefilmt gouf, gesäit een, wéi d’Pompjeeën 62 Mënschen aus de Kabinne vun engem Riserad retten, dat op Silvester an engem Fräizäitpark hänke bliwwe war. Deen Ament souzen an iwwer 20 Kabinne vum Riserad Passagéier.

Éier d’Riserad hänke bliwwe war, war Damp aus dem Motto vun der Maschinn komm.

Wéi déi Responsabel vum Park matgedeelt hunn, wier d’Stroumversuergung vum Riserad ausgefall. Firwat wier den Ament allerdéngs nach net gewosst.

Hei kënnt dir de Video vum Rettungsasaz kucken:

Watchit Rettungsaktioun Forida
Watchit Rettungsaktioun Forida

Back to Top
CIM LOGO