
Op engem Fluch vun Everett am US-Bundesstaat Washington op San Francisco ass e Pilot, deen net am Déngscht war, als Passagéier um Klappsëtz am Cockpit mat geflunn - eng gängeg Praxis. Matte wärend dem Fluch vun der “Horizon Air” hätt de Pilot vun “Alaska Airlines” probéiert, d’Motore vun der Passagéiermaschinn auszemaachen. De Kapitän an den éischten Offizéier hätten awer “séier reagéiert, d’Motorleeschtung gouf net ënnerbrach an d’Crew huet de Fliger ouni Tëschefall geséchert”.
No sengem riskante Verhalen huet de Mann der Police erkläert, datt hien sougenannt “Magic Mushrooms” consomméiert hätt, éier hie sech an de Cockpit gesat huet. Hien hätt déi éischte Kéier halluzinogen Champignone geholl, iwwer 40 Stonnen net geschlof a kuerz virun engem Nervenzesummebroch gestanen. Zanter enger sechs Méint géing hien ënner Depressioune leiden.
Dem Justizministère no hätt de Mataarbechter vun Alaska Airlines um Ufank vum Fluch mat de Pilote geschwat, éier hien no de Schaltere gegraff huet, déi den Noutfall-Feierläschsystem vum Fluch aktivéieren an d’Kerosinsleitung zu de Motoren ënnerbrach hätt. Nodeems d’Crew hien iwwerwältegt hat, gouf hien an Handschellen an den hënneschten Deel vum Fliger bruecht. Do hätt hie probéiert, en Noutausgang opzemaachen, wat awer vun enger Stewardess verhënnert konnt ginn. Wärend dem Rescht vum Fluch gouf hie vum Kabinnepersonal festgehalen.