
D'AMMD wäert keng nei Konventioun mat der CNS ënnerschreiwen. Dat deelt d'Dokteschassociatioun hire Memberen an enger Newsletter mat.
Déi aktuell Konventioune goufen am Oktober d'lescht Joer gekënnegt a lafen nach bis Enn Oktober vun dësem Joer. D’AMMD ass der Meenung, datt den aktuelle System vun der liberaler Medezin strukturell net méi funktionéiert – weder am Interessi vun den Dokteren nach vun de Patienten.
D’Haaptfuerderunge vun der AMMD betreffen ënner anerem méi Méiglechkeete fir medezinesch Leeschtungen ausserhalb vum Spidol unzebidden, eng fair Verhandlung vun de Tariffer an eng Upassung vun den Tariffer un déi reell Betribskäschten. Bei de Verhandlunge mat der CNS huet d’AMMD awer keng bereet Haltung fir gréisser Reformen erkannt. D’CNS hätt sech ëmmer op dat aktuellt Gesetz beruff a schlussendlech e Konventiounstext virgeluecht, deen d’AMMD esou net wollt ënnerschreiwen.
D’AMMD kritiséiert dobäi virun allem d'Haltung vun der CNS, déi hirer Meenung no ze steif ass an net bereet ass, de Gesondheetssystem un déi aktuell Erausfuerderungen an déi medezinesch Entwécklung unzepassen. D’AMMD beschreift och verschidde Aussoe vun der CNS als Drockmëttel géintiwwer den Dokteren.
Och vun der Regierung erwaart d’AMMD keng grouss Reformen. Obwuel si scho laang op d'Ëmsetzung vun den Engagementer aus dem Koalitiounsaccord waart, wieren déi bis elo proposéiert Gesetzesprojeten net genuch oder géifen nei Problemer schafen. D’AMMD hat och eng Reunioun mam Premierminister gefrot. No Gespréicher mat der Regierung ass d'Dokteschassociatioun awer zum Schluss komm, datt de politesche Wëlle fir déi gefuerdert Reformen géif feelen.
Well d’Mediatioun gescheitert ass, wäerten déi aktuell AMMD-CNS-Konventiounen am Oktober 2026 auslafen. Amplaz vum aktuellen Konventiounssystem soll dann e staatleche Reglement d'Reegelen an de meeschte Beräicher festleeën. D'AMMD gesäit doranner e Wiessel vun engem System, an deem Dokteren eigentlech Partner vun der CNS sollte sinn, zu engem System, an deem de Staat d'Reegelen an d'Konditioune méi direkt festleet.
Laangfristeg gesäit d'AMMD dëse System awer net als dauerhaft Léisung an ass der Meenung, datt d'Regierung sech iergendwann enger gréisserer Reform vum Gesondheetssystem stelle muss an e Modell entwéckele muss, dee besser an d'21. Joerhonnert passt. Et soll dobäi weder eng komplett Liberaliséierung nach den aktuelle System bleiwen, an deem d'CNS unilateral decidéiert.