
Wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass, gouf géint 11:21 Auer um Cents eng Persoun bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe blesséiert. Nieft dem Samu-Noutdokter vun Ettelbréck waren och d'Amulancieren aus der Stad an d'Pompjeeën aus der Stad um Asaz.
De Samu-Noutdokter zesumme mam Rettungshelikopter war dann nach géint 12:52 Auer op en Accident um CR348 vu Buerschent Richtung Giewelsmillen geruff ginn. Hei waren e Moto an en Auto anenee gerannt. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun verwonnt. Nach op der Plaz am Asaz waren d'Ambulanciere vun Housen an d'Pompjeeë vu Buerschent an dem Zenter Nordstad.