Viru Kuerzem huet Enex den 30. Gebuertsdag gefeiert. Eng Firma, déi virun allem an der Mediewelt bekannt ass.

Et ass eng Noriichtenagence, déi esou sou séier ewéi méiglech Biller vun Evenementer, vun allem, wat esou an der Welt geschitt, verschéckt. Konkurrenz gëtt et an dem Business och, bis elo hu se awer 30 Joer iwwerlieft an esou Noriichtenagencë wäerten an Zukunft och ëmmer méi wichteg ginn.  Duerch déi weltwäit Zesummenaarbecht an och engem Enex-Büro an Australien, ass et hinne méiglech 24 Stonnen op 24 ze funktionéieren.

E wichtegen Fulltime-Job fir eis Informatioune weltwäit. Wa mir weiderhin u verifizéiertem professionellem Journalismus interesséiert sinn, wäerten Noriichtenagencen ewéi ENEX och an deenen nächsten 30 Joer ëmmer méi wichteg ginn.