
NAMUR schléit en neit Kapitel op: Déi traditiounsräich Pâtisserie-Chocolaterie huet hir Boutique an der Rue des Capucins no 37 Joer zougemaach a begréisst hir Clienten zënter dem 19. November op der 28, Rue Philippe II am Häerz vun der Stad. Mat der neier Adress wëll d'Entreprise nach méi no bei enger aktiver a mobiller Clientèle sinn, ouni dobäi hir laang Traditioun a Qualitéit aus den Aen ze verléieren.