
D'Raumsond Voyager 1 huet bei hirem Vol an d'Déifte vum Weltall en neie Rekord opgestallt. Der Nasa no war se e Mëttwoch als éischte vum Mënsch geschaaften Objet e Liichtdag vun der Äerd ewech. Bei Liichtgeschwindegkeet brauchen hir Funksignaler also genee 24 Stonnen, fir eise Planéit z'erreechen. Ee Liichtdag entsprécht net grad 26 Milliarde Kilometer.
Voyager 1 huet knapp 50 Joer gebraucht, fir mat enger Vitess vu 16,88 Kilometer pro Sekonn déi Streck zréckzeleeën. Dobäi huet d'Sond, déi de 5. September 1977 gestart war, grad emol de Rand vun eisem Sonnesystem erreecht. 2012 war se als éischt Raumschëff an den interstellare Raum agedrongen - d'Regioun tëscht de Stäresystemer. Vun anere Planéitesystemer ass se nach Liichtjoren ewech. Hir Zwillings-Sond Voyager 2 hat 2018 och eise Sonnesystem verlooss.
Béid Sonden hu sougenannte "Gëlle Placken" u Bord, déi méiglechen Ausserierdeschen eis Welt sollen erklären hëllefen. Déi ronn 30 Zentimeter grouss, vergëllte Scheiwen aus Koffer si Placken, op deene Bild- an Audio-Informatiounen drop sinn, déi ënnert anerem d'Liewen an d'Geräischer op der Äerd sollen duerstellen. A 55 verschiddene Sprooche si Gréiss vun eisem Planéit matgeschéckt ginn. Ausserdeem ass eng Kaart vun eisem Sonnesystem dobäi. Fir den Undriff suergt eng Plutonium-Stroumquell, déi awer spuere muss. Zanter Abrëll si just nach zwee Instrumenter u Bord aktiv, fir Magnéitfelder a Plasmawellen z'ënnersichen.
Bal all Dag schécken d'Sonden nei Detailer iwwer hir aktuell, nach net erfuerschten Ëmgéigend op d'Äerd. Zu Pasadena a Kalifornien sëtzt e klengt Team, dat zirka eemol d'Woch nei Uerdere sent. Bei Problemer kënnt et alt vir, dass pensionéiert Ingenieure musse geruff ginn, déi fréier um Projet bedeelegt waren. Der Nasa no wäert et nach 18.000 Joer daueren, bis Voyager 1 e komplett Liichtjoer zréckgeluecht huet an nach emol 12.000 Joer méi laang, bis se an d'Géigend vun engem anere Stär wäert kommen.
Fir de besonnesche Moment ze feieren, hat d'Nasa de "Light Day" annoncéiert an d'Fans opgeruff, der Sond hiert Signal V-G-R an den däischteren Himmel ze morsen. E Mëttwoch de Moien um 11:16 Auer eiser Zäit soll et souwäit gewiescht sinn. Voyager 2 wäert iwwregens réischt 2035 e Liichtdag vun der Äerd ewech sinn.