D'Schüler hunn eng wäit Rees hannert sech. Si sinn aus dem US-Bundesstaat Wisconsin an de Grand-Duché gereest.

De Marc Zimer, Enseignant am Lënster Lycée, huet dës Rees am Kader vun engem Austauschprojet organiséiert. Am 19. an 20. Joerhonnert si vill Lëtzebuerger an de Wisconsin ausgewandert. Dowéinst ginn et hautzedaags sou munch Lëtzebuerger, wei och de Marc Zimer, déi Virfaren aus dem Midwest hunn, a vice versa. A genee dat ass och d'Iddi hannert dem Austauschprojet: déi lëtzebuergesch Communautéit an Amerika stäerken.

Mir hunn d'Schüler op hirer leschter Visitt hei am Land begleet. Fir si all ass et déi éischte Kéier, dass se e Parlament däerfe besiche goen. Keen anere wei de Chamberspresident selwer, de Claude Wiseler, huet hinnen d'Gebai gewisen.

Vun eiser konstitutioneller Monarchie bis hin zu hëtzegen Debatten am Plenarsall: de Chamberpresident huet hinnen d'Geschicht vun der lëtzebuergescher Politik erkläert. No 10 Deeg maache si sech nees zeréck op de Wee an hir Heemescht, mee si all hu gesot, dass dat sécherlech net hir leschte Kéier zu Lëtzebuerg gewiescht wier.