E Méindeg zu KäerjengPick-up a Brand geroden

Tom Nols
E Méindeg huet am fréien Nomëtte zu Käerjeng op der Haaptstrooss e Gefier gebrannt. D'Strooss ass nach ëmmer gespaart.
E Méindeg hat zu Käerjeng op der Haaptstrooss dëse Pick-up gebrannt.
E Méindeg hat zu Käerjeng op der Haaptstrooss dëse Pick-up gebrannt.
© Luca Ciancanelli

Aus nach net gekläerter Ursaach war e Méindeg am fréien Nomëtteg op der Haaptstrooss zu Käerjeng e Pick-up a Brand geroden. D'Strooss ass wéinst de Läschaarbechten zäitweis ganz gespaart.

Am Bulletin vum ACL heescht et dozou um 15:55 Auer:

"Auto a Brand an der avenue de Luxembourg zu Käerjeng op der Héicht vum Haus Nummer 54. D'Strooss ass gespaart. Evitéieren. Staugefor. Dowéinst ass aktuell méi Trafic wéi gewinnt op der A13 am Beräich tëscht Suessem an der Biff."

Back to Top
CIM LOGO