
Wanderer, déi baussent der Saison um Fuji veronglécken a musse mam Helikopter gerett ginn, mussen dat geschwë selwer bezuelen. De Schratt ass en Deel vun engem Mesurëpak, mat deem "onvirsiichteg Montéeën" op de Bierg verhënnert solle ginn, wéi d'Regionalregierung vu Yamanashi e Méindeg matgedeelt huet.
Den 3.776 Meter héije Fuji lackelt all Joer ronn 200.000 Wanderer tëscht Juli bis Ufank September un. Munche Visiteur kënnt awer och baussent der Saison a wëll op de Bierg erop, obschonn an den Niewesaisonen dacks en äisege Wand bléist an et plazeweis veräist ass. Der Noriichtenagence Kyodo no ass d'Zuel vun de Wanderer an d'Luucht gaangen, déi de Bierg am Wanter ouni dat néideg Equipement wëlle bezwéngen. Wann déi Leit an Nout geroden, huet d'Police bis elo misse gratis ausrécken an hëllefen, fir déi Leit nees vum Bierg erof ze kréien.
D'Detailer vun der Reegelung stinn nach net fest. Medieberichter no ass am Gespréich, dass Rettungsasätz mam Helikopter baussent der Saison mat ëmgerechent ronn néng Euro pro Fluchminutt solle kaschten. Hat e Wanderer dat néidegt Equipement dobäi an hat sech donieft bei den Autoritéiten am Virfeld ugemellt, muss hien näischt bezuelen.