Youth4planet
"Creativelo" gläich och zu Lëtzebuerg ënnerwee, fir Jonker ze sensibiliséieren
Et ass elo un der Zäit, eis Jugend op ons Nohaltegkeetsziler opmierksam ze maachen an ze sensibiliséieren.
Den Ament gesäit et Wëssenschaftler no net gutt aus fir onse Planéit. Wa mer elo net ufänken ze reagéieren, da wäerten eis Generatiounen dono e Problem hunn, mat deem wat mer hinnen iwwerloossen.
Youth4Planet ass eng Associatioun, déi déi Jonk dofir sensibiliséiert, mat klenge Filmer eppes ze beweegen, wat Nohaltegkeet ugeet. Dëst maache si mat engem ganz spezielle Vëlo, mam "Creativelo".
Si ware schonn domadder weltwäit am Asaz.. Elo deemnächst wäerte mer hinnen och zu Lëtzebuerg begéinen. Mir hunn eis de Vëlo an d’Konzept am Viraus ugekuckt.
Am meeschte gelies