En Dënschdeg ass en Tram an der norwegescher Haaptstad Oslo entgleist a koum eréischt an der Fënster vun engem Buttek zum Stoen.

Wéi d'Police matdeelt wiere bei dësem Virfall véier Mënsche blesséiert ginn. 20 Persoune wieren zum Zäitpunkt vum Accident u Bord gewiescht. "Eis goufe véier Blesséierter gemellt, dorënner de Chauffer vun dem Tram, deen entgleist ass, ier en an de Buttek gefuer ass", huet et vun der Police geheescht.

De Virfall wier zu Storgata gewiescht, enger vun den Haapt-Verkéiersachsen am Zenter vun Oslo. E Grupp vu Leit huet sech nom Accident virum Geschäft, an deem ënnert anerem Apple-Produite verkaaft goufen, versammelt, fir sech den ongewinnten Ubléck méi genee unzekucken.