VW "wurschtelt" sech doduerch

© John MACDOUGALL / AFP
D'Verkafszuele vun hiren Autoe falen, mee bei der Vente vun der hauseegener Currywurscht konnt VW d'lescht Joer en neie Rekord opstellen.
Vun der VW-Currywurscht goufen d'lescht Joer 8,552 Millioune Stéck verkaaft. Nach emol gutt 200.000 méi wéi am Rekordjoer 2023. Anescht gesäit et bei de Ventë vun den Autoen aus: déi sinn d'lescht Joer ëm 2,3% zréckgaangen op 9,03 Milliounen, all Marke vum Konzern zesummegerechent.
Bei der Kär-Mark VW ass d'Wurscht dee mat Ofstand meeschtverkaafte Produit vum Joer 2024. 8,5 Millioune Wippercher sti ronn 5,2 Millioune Gefierer géintiwwer. D'Entreprise féiert de Rekord zeréck op zousätzlech Variante vun hirer hauseegener Wurscht. Nieft der klassescher Currywurscht gëtt et och den Hot Dog an deen nächste "Coup" an deem Sënn wier schonn an der Preparatioun, heescht et vu Wolfsburg.
Zanter 1973 gëtt d'Currywurscht vu VW an hire Kantinnen ugebueden an an der betribseegener Metzlerei produzéiert. Et kann ee se souguer a verschiddenen däitsche Supermarchéë kafen. Grouss an de Medie vertruede war de Wupp, wéi en 2021 vun de Menüskaarte gestrach gi war. Doropshin hat sech de fréiere Bundeskanzler Gerhard Schröder fir de "Kraftriegel" vun den einfache Leit aus der Produktioun staark gemaach. 2 Joer méi spéit war d'Currywurscht rëm an der Offer vun de VW-Kantinnen.
Als Volkswagen-Originalteil huet se souguer eng eege Produktiounsnummer: 199 398 500 A. Ob Dir se domat awer elo sou einfach bei Ärem frëndleche VW-Händler am Magasinn bestelle kënnt, musst Dir scho selwer probéieren...