Firwat erënnere mir eis net un eis Zäit als Puppelchen?

© Envato Rawpixel
Dir kënnt Iech net dorun erënneren, wat Dir als Bëbee erlieft hutt? Enger rezenter Etüd no hu mir zwar Erënnerungen dorun, mä kënnen dës net opruffen.
E Geroch, eng Plaz oder e Gefill - vill Saache kënnen an eis Erënnerungen ervirruffen. Verschiddener vun eis erënnere sech esou kloer u Momenter aus hirer Kandheet, wéi wa se eréischt e puer Deeg hier wieren. Anerer kënnen doriwwer nëmme staunen, grad ewéi doriwwer, wéi fréi hir Erënnerungen zréckginn.
De Phenomeen "infantil Amnesie"
Déi "infantil Amnesie" beschreift de Phenomeen, datt eis Kandheetserënnerungen aus eisen éischte Liewensjore feelen. Och wann et Ausname ginn, kënne sech déi meescht Leit net un Evenementer virun hirem zweete Liewensjoer erënneren. Mä wat sinn d'Grënn dofir a vu wéi engem Zäitpunkt u kënnen éischt Erënnerunge gespäichert ginn? Fir Äntwerten op déi Froen ze fannen, hu Fuerscher aus den USA d'Gehieraktivitéit vu 26 Kanner am Alter vu véier bis 25 Méint analyséiert. D'Hallschent dovun am Alter vun ënnert engem Joer, déi aner Hallschent méi al wéi 12 Méint.
Dat sougenannt "episodescht Gediechtnes" ass responsabel dofir, sech laangfristeg u perséinlech Erliefnisser erënneren ze kënnen. Eng zentral Regioun am Gehier fir dat episodescht Gediechtnes ass de sougenannten Hippocampus. Dësen ass un alle Prozesser fir d'Bildung vu Gediechtnes bedeelegt. Also um Ofspäicheren, Sécheren an Ofruffe vun Erënnerungen.
Wéi reagéiert d'Gehier beim Ofspäichere vun Erënnerungen?
Fir erauszefannen, wéi den Hippocampus reagéiert, wann d'Kanner eppes fir d'éischt an dat selwecht nach eng Kéier gesinn, krute si wärend engem MRT eng Rei Biller gewisen. Eng Minutt méi spéit kruten d'Kanner da Biller-Koppelen ze gesinn, bei deenen all Kéier ee Bild drënner war, wat si scho gesinn hunn an een neit. Hunn d'Kanner engem ale Bild méi Opmierksamkeet geschenkt, war dat en Hiweis dorop, datt si sech drun erënneren. Bei Kanner, déi sech u Biller erënnert hunn, war beim éischte Kucke vun engem Bild, un dat si sech erënnere konnten, eng verstäerkt Aktivitéit vum Hippocampus am Verglach zu Biller, déi si vergiess hunn, ze gesinn.
Der Etüd no géing dat weisen, datt d'Erënnerung beim éischte Kucken enkodéiert gouf, also laangfristeg ofgespäichert, fir se méi spéit kënnen opgeruff ze ginn. Dës Aktivitéit wier allerdéngs just bei Kanner am Alter vun iwwer engem Joer de Fall gewiescht. D'Fuerscher schléissen doraus, datt et vun engem Joer u méiglech wier, Erënnerungen iwwer den Hippocampus ze späicheren an d'Grënn fir d'"infantil Amnesie" net beim Ofspäicheren, mä bei de spéidere Gediechtnesprozesser leie mussen.
Resultater net "iwwerinterpretéieren"
Onofhängeg Fuerscher, déi vum Science Media Center gefrot goufen, ob d'Resultater vun der Etüd fir d'Léise vum Rätsel ronderëm déi "infantil Amnesie" nëtzlech sinn, relativéieren d'Konklusiounen. Zwar wier et interessant ze gesinn, datt Kanner schonn am Alter vun 12 Méint d'Erëmerkenne vun Objete verschaffe kënnen, well dëst weise géing, datt - anescht wéi bis ewell ugeholl - den Hippocampus um Ufank vum Liewen net ze wéineg entwéckelt ass, fir d'Gediechtnesbildung z'ënnerstëtzen.Trotzdeem wier d'Etüd, wéi de Prof Dr. Flavio Donato vum Biozenter vun der Uni Basel erkläert, kee Beweis, datt Kanner am Alter vun engem Joer un Erënnerunge schafe kënnen, déi si och laangfristeg ofruffe kënnen.
Doriwwer eraus wier der Prof. Dr. Pamela Banta Lavenex, Dekanin vum Beräich Psychologie op der FernUni Schweiz no mat der Etüd och net bewisen, wéini oder wéi esou Erënnerunge bei klenge Kanner entstinn. Och wier et net d'Erkenntnis, datt "Kanner individuell Erfarunge kodéiere kënnen, mä villméi, datt si d'Bild vun engem Géigestand genuch kodéiere kënnen, fir et méi spéit vum Bild vun engem neie Géigestand z'ënnerscheeden".
Fir de Prof. Dr. Jan Born, Direkter vum Institut fir Medezinesch Psychologie a Verhalensneurobiologie vun der Uni Tübingen, wier mat 13 Kanner, bei deenen déi besonnesch Aktivitéit vum Hippocampus festgestallt gouf, d'Zuel "ze kleng, fir wierklech geséchert Aussoen treffen ze kënnen". Doriwwer eraus kéint d'Aktivéierung vum Hippocampus wärend dem Ofspäichere just eng "Begleeterscheinung" sinn. Et kéint deemno sinn, datt d'Gediechtnesinformatioun bei klenge Kanner op ganz anere Plaze vum Gehier enkodéiert an ofgespäichert gëtt.
Ee Rätsel bleift
Déi dräi onofhängeg Fuerscher gesinn awer an den neien Erkenntnisser d'Basis fir weider Fuerschungen an déi Richtung. Besonnesch de Grond, firwat mir Erënnerungen als Erwuessener net méi kënnen opruffen an d'Fro wat soss domat geschitt, géingen ze kläre bleiwen.