"1,2 oder 3 – letzte Chance, vorbei!" Dee Sproch misst deem een oder anere bekannt virkommen.

D'Quizshow vum ZDF gëtt et zanter bal 30 Joer. Normalerweis trieden Teams aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz géinteneen un. Heiansdo huet dann och mol een auslännescht Team d'Chance, matzespillen. Lëtzebuerg war lo nees mat dobäi, an dat leider fir déi leschte Kéier. D'Emma Felgen bericht vu München, wou d’Emissioun opgezeechent gouf.

Dräi Klassen aus dem véierte Schouljoer vu Conter hu sech mat hiren Enseignanten Nadia Baumert, Barbara De Toffol, Cindy Reding, Maxence Krieger a Laurent Styr op de Wee an d'ZDF-Studioen zu Münche gemaach. Si goufen erausgewielt, fir géint zwou aner Schoulen an der Quizshow unzetrieden. Thema vun der Sendung: Schof. E besonnesche Moment - grad fir déi dräi ausgewielte Kanner Leonie Dostert, Charel Jungels a Julien Rasqué, déi sur place waren an zu de verschidde Froe vum Elton op déi passend Plazen hu misste sprangen.

"Ech war mega opgereegt. Ech hunn, wärenddems et gefilmt ginn ass, mega vill geziddert."
"Also wou ech gewielt hunn, war ech natierlech ganz glécklech a puer Deeg virdru war ech och ganz opgereegt. An halt einfach do ze sinn – ech wat frou."
"Et war cool, mol eng Kéier eppes auszeprobéieren an da matzemaachen."
"Och dobäi ze sinn, fir ze stoen an och ze kucken, wéi et hannert de Kulisse war, dat war richteg spannend."
 
Zanter 2006 kënnen och auslännesch Klasse bei der beléifter Quizshow matmaachen. Viru bal 20 Joer war et och eng Schoulklass vu Conter, déi fir déi éischte Kéier mat dobäi war. Genau aus dem Grond och eng Freed, a gläichzäiteg traurege Moment fir d'Schoul, als lescht auslännescht Team matzemaachen an de Kanner nach eng flott Erfarung matzeginn, sou de Schoulmeeschter Laurent Styr. Hien ass ee vun de fënnef Enseignanten, déi mat waren:

"Jo, dat ass bësse speziell. Et huet ee sech natierlech gefreet, fir nach eng Kéier dohin ze kommen. Mee ech hat och eng Mail un ZDF gemaach – jo, et wier e bësse schued. Sou bësse mat engem laachenden An an och mat engem tréinenden An geet een da fort. Et war awer speziell, well een awer sou oft hei war awer och eng flott Erfarung, sou fir d'lescht."

1,2 oder 3 – geet elo rëm nees un d'Ufankskonzept zeréck a bleift bei däitsche Klassen. D'Diffusioun ass sonndes de 6. Juli um 5 Auer um KiKa an de 14. September am ZDF.