Dëse Weekend war d'Garnisounsstad nees sou international wéi soss kaum am Joer: Vun iwwerall hier koume Leit, déi gären trëppelen, wanderen, marschéieren.

1968 gouf d’Marche de l’Armée eng éischte Kéier organiséiert. Bis 2015 war d’Lëtzebuerger Arméi fir dëst Evenement um Weekend no de Päischte responsabel. Zanter elo 10 Joer ass et eng Asbl, déi sech ëm d’Organisatioun këmmert. “Marche Internationale de Diekirch” heescht se dann dowéinst och elo. A mat 7.700 Leit hat d’Editioun vun dësem Joer och nees e grousse Succès, weess de Marc Streng, President vum Organisatiounscomité:

Extrait Marc Streng

"Éischtens emol ass et eng wonnerschéi Géigend hei an Dikrech, bekannt wéi ech gesot hu, scho vun 1968 un. A mir hunn e Medailespigel, e Medailesystem. Mir gesinn haut, wie fir d'Éischt matgaangen ass, wann een haut sech umellt. Mir gesinn awer och, ob en 37 Mol hei war, 45 Mol hei war. An dat ass och eppes, wat ganz seelen op deene Marchen international dobaussen ass. An d'Leit sinn eebe stolz drop, dann ëmmer erëmzekommen, hir Medail ze weisen an och deenen aneren ze weisen, wéi oft datt se dann hei waren. Mir hunn 1.800 Lëtzebuerger, déi elo dëse Weekend hei participéieren a vill jonk Leit, vill Familljen, déi mat de Kanner ginn. Déi kënnen déi zwielef Kilometer goen, probéieren och heiansdo mol déi zwanzeg. An do hu mer en immensen Zouwuess, déi déi lescht Joren un der Jugend respektiv u jonke Familljen."

E ganze Weekend

Zwee Deeg laang koumen d'Frënn vum Trëppelen, Wanderen, Marschéieren an der Ieselsstad op hir Käschten, wann se dat da wollten. Bei der Marche Internationale de Diekirch konnte se aus dräi Parcourse wielen: 12 km, 20 km oder 40 km. Natierlech gi samschdes aner Weeër gaange wéi sonndes. A fir datt keen ze mann oder ze vill geet, sinn d'Weeër kloer markéiert: giel, rosa, blo. Sech verlafen war bal onméiglech a verluer goung een och net, well Dausende Leit waren op béiden Deeg op de Been – déi meescht am Ufank ganz zolidd, wann et aus Dikrech erausgoung, wann et dann am Nomëtteg nees eragoung, dann eng Grëtz méi wackeleg.

Esou war et net verwonnerlech, wann een um Weekend zu Dikrech eng sëllege Leit gesinn huet, déi schif gaange sinn.

Impressioune vum 1. Dag

Marche Internationale de Diekirch: e puer Andréck vum 1. Dag, Editioun 2025
Trotz schuckelegen Temperaturen an e puer gëftege Montéeë war d'Ambiance um Rendez-vous ... an dono wuel och d'Krämpercher an d'Bloderen.

Start war an Aler Seeërei

De Start war wéi alljoers an der Aler Seeërei, wou och zanter e Freideg dat neit Parkhaus nieft der Gare op war  Moies war do ëmmer ganz vill Gebësels dran, wa jidderee sech säi Bändchen ofhuele wollt, fir datt ee sech dann och op de Kontrollpunkte konnt identifizéieren.

Dono goung et da lass, gemenkerhand direkt iwwer d'Sauer. Esou war et emol e Samschdeg. An datt vill Leit fréi u waren, hat wuel och mat der Meteo ze dinn: Et sollt uerg waarm ginn, also sech besser fréi op de Wee maachen, an am Nomëtteg sollt d'Wiederlag onstabil ginn, Wiedere waren net ausgeschloss. Et huet een et dann och heiansdo héieren dubberen, mee op d'mannst zu Dikrech si bis an de spéiden Nomëtteg era just ganz vereenzelt Drëpse gefall.

Impressioune vum 2. Dag

Eng 7.700 Umeldungen

Och wann een en cours de route ëmmer erëm Leit gesinn huet, déi eng Paus gebraucht, hir Blodere verpléischtert oder no hirem Krämpche kucke gelooss hunn, esou sinn déi allermeescht dono dach nees gutt an nach ëmmer gudder Déng zu Dikrech ukomm.

Dominéiert gëtt d'Bild vun Zaldoten, déi matmarschéinen. A se kommen nach laang net just aus den Nopeschlänner, och wann déi traditionell ganz staark vertruede sinn.

Fir d'Editioun 2025 gouf et eng 7.700 Umeldungen, 2.500 dovu vun Amerikaner an Amerikanerinnen.

Mee d'Bild vun der fréierer Marche de l'armée ass haut gutt gestéckelt. Et sinn och Tonnen Zivilisten derbäi, esouguer Poussettë gesäit een ënnerwee. An och eng Partie Muppen. Fir si sti virun eenzelen Haiser Bitercher mat Waasser dran ... och déi op véier Bee ginn duuschtereg.

Dikrecher Marsch: Loftblose fir de Cortège
Dës jonk Spectateuren hunn d'Leit op hir ganz eegen Aart a Weis motivéiert. An et huet gehollef!

Op anere Plaze wénken d'Kanner dem Cortège, dee laanschtzitt, oder se proposéiere Klengegkeeten, déi se verkafen – eppes ze drénken, Séisses, Saueres oder selwer gemaachten Hunneg.

Et sinn dës kleng Amenter, déi zu den Highlighte vun de Märsch gehéieren, natierlech nieft der herrlecher Landschaft, um Wupp vum Guttland, am Ufank vum Éislek, biergop, bierof, awer och ëmmer nees flaach laanscht d'Sauer oder d'Our.

Weider Impressiounen

Dikrecher Marsch: Retour vun engem Grupp Zaldoten zu Dikrech (1)
Andréck aus der Garnisounsstad vum Samschdeg de Mëtteg, dem Dag 1 vun der Marche Internationale de Diekirch 2025.
Dikrecher Marsch: Retour vun engem Grupp Zaldoten zu Dikrech (2)
Andréck aus der Garnisounsstad vum Samschdeg de Mëtteg, dem Dag 1 vun der Marche Internationale de Diekirch 2025.
Dikrecher Marsch: Herrlech Landschaften, beléiften Aussiichten
D'Koppen op der Grenz vu Guttland an Éislek maachen alljoers de Charme vun de Parcoursen aus - hei de Bléck Richtung Bettenduerf um Samschdeg de Moien
Dikrecher Marsch: Beim Start ass an der Aler Seeërei ëmmer vill lass
Ganz vill Leit bëselen deen Ament hin an hier an d'Ambiance ass ganz international.