De Black Friday, de Black Weekend an de Cybermonday. Fir d'Geschäftsleit sinn dës Deeg wichteg fir den Ëmsaz. E verlängerte Weekend, deels souguer eng ganz Woch oder méi, wou et Remise ginn, déi d'Clienten an d'Geschäfter oder op d'Online-Plattformen zéie sollen.
Bleift d'Fro, ob et Deeg sinn, op deenen de Client e gutt Geschäft mécht oder animéiert gëtt, fir de Portmonnie méi grouss opzemaachen. Ma déi Fro kann een natierlech net pauschal beäntwerten.
Deen een ass méiglecherweis op der Sich no enger gudder Affär, deen anere profitéiert fir Saachen ze kafen, fir déi e virun e puer Wochen däitlech méi bezuelt hätt - an um 1. Adventsweekend denkt een natierlech och schonn u Kaddoen. D'Presidentin vum Stater Geschäftsverband, d'Mireille Rahmé-Bley, weess aus Erfarung, datt et Clientë gëtt, déi ganz gutt preparéiert sinn.
"Ech mengen et ass ëmmer ganz intressant. Et si Leit, déi gutt organiséiert sinn. Déi gi schonn am viraus an d'Geschäfter kucken, siche sech schonn hir Saachen eraus an da kënnen se wierklech vergläichen ob dat och reell Remise sinn, oder net."