
Am Fong wollten d’Passagéier vum Schëff “Viking Orion” eng Croisière mat enger Rëtsch Tëschestatioune vun Auckland an Neiséiland op Melbourne an Australien maachen. Ma well d’Schëff vun Alge befall war, musst et am Hafen vun der neiséilännescher Haaptstad Wellington bleiwen. Den australesche Fëschereiministère huet erkläert, datt dat déi Mesure geholl gouf fir déi australesch Gewässer viru méiglecherweis schiedlechen Organismen ze schützen. Nodeems d’Schëff rëm propper war, duerft et op Melbourne weiderfueren. D’Reederei Viking huet annoncéiert, datt d’Passagéier fir déi ausgefalen Destinatiounen entschiedegt wäerte ginn.