Etüd vu Statista FrankräichAn Europa ass de Béier am deiersten zu Reykjavik

RTL Lëtzebuerg
An der neister Etüd vum grousse franséische Statistiksportal huet ee sech mat de Präisser fir 0,5 Liter Béier beschäftegt.
© AFP

Statista präziséiert, datt ee fir d’Statistik just Béierzorte gekuckt huet, déi am Land selwer produzéiert ginn. Hir Statistik vergläicht dobäi zwou Saachen: Wat kascht en hallwe Liter Béier an der Moyenne am Supermarché a wat kascht dat selwecht an enger Bar oder an engem Restaurant?

Am Supermarché ass de Béier an der irescher Haaptstad Dublin am deiersten. Hei muss een ronn dräi Euro dofir bezuelen, net wäit ewech vun deem Präis si Reykjavik, Oslo an Helsinki. Am gënschtegste kënnt een dobäi zu Prag, Berlin, Wien oder Madrid ewech, wou een ëm een Euro den hallwe Liter bezilt.

Am Restaurant oder an der Bar ass et dann eng ganz aner Geschicht. Do fält Dublin zeréck an d’Mëttelfeld, mat enger Moyenne vu ronn 6,08 Euro den hallwe Liter, an déi islännesch Haaptstad Reykjavik steet mat 9,53 Euro däitlech un der Spëtzt. Dohannert kënnt dann Oslo mat knapp iwwer 9 Euro a Genf an der Schwäiz mat 8,25. Um Wupp fënnt een hei Lissabon a Prag, wou een 2,50, respektiv just 2,31 Euro rechne muss.

D’Präisser vun der Stad Lëtzebuerg si leider an der Statistik net opgeholl. Der Plattform Numbeo no bezilt een am Restaurant an der Moyenne 6 Euro fir en hallwe Liter Lëtzebuerger Béier an am Supermarché ronn 1,44 Euro. Dës Präisser solle aus dem Juli 2023 sinn. Domadder géif d’Haaptstad vum Grand-Duché sech a béide Fäll am Mëttelfeld placéieren.

Back to Top
CIM LOGO