Zu Kusel (D)Autosbesëtzer huet Déif per Fernsteierung am Auto agespaart

RTL mat AFP
Zu Kusel a Rheinland-Pfalz war e Jonken an en Auto agebrach a vum Besëtzer dran agespaart ginn. De 16 Joer ale Klengkriminellen hat ze vill gedronk.
De jonke Kriminellen hat bei senger Dot net méi de richtegen Duerchbléck a war agespaart ginn.
De jonke Kriminellen hat bei senger Dot net méi de richtegen Duerchbléck a war agespaart ginn.
© IGOR STEVANOVIC / SCIENCE PHOTO/Science Photo Library via AFP

En Autosbesëtzer a Rheinland-Pfalz huet e jonken Déif per Telecommande a sengem Auto agespaart. Der lokaler Police no war de 16 Joer alen Täter en Dënschdeg den Owend an den Auto komm an hat dësen duerchsicht. Nodeems de Besëtzer doriwwer informéiert gi war, hat hie kuerzerhand via Fernsteierung d'Diere vu sengem Won gespaart.

Dem Jonken, deen ze vill gedronk hat, war näischt aneres iwwreg bliwwen, wéi op d'Police ze waarden, déi hie befreit huet. Duerno goung et fir eng Kontroll an d'Spidol. Wéi hien an den Auto komm war, ass onkloer. Mat dat Schlëmmst fir de Besëtzer vum Won ass awer wuel, dass de Klengkriminelle sech puermol dran iwwerginn huet...

Back to Top
CIM LOGO