
Dëse Bam ass eng “Bräitchemann-Eech” aus dem Dodauer Forst zu Eutin. Dëst kënnt awer net vun ongeféier. Déi ronn 500 Joer al Eech gëllt als richtege Verkuppler. Well wann een e Bréif u “Bräutigamseiche, Dodauer Forst, 23701 Eutin” schreift, gëtt dësen och ausgeliwwert. De Bréif gëtt an d’Lach vun der Eech geluecht a jiddereen, dee wëll, ka sech hei e Schreiwes eraushuelen an dëse Bréif dann och beäntweren. Bis zu 50 Bréiwer kommen hei am Dag un, dat aus aller Welt.
Eng Seeche beseet, datt d’Duechter vum Fieschter an de Bouf vun engem Schockelasproduzent sech verléift hunn, awer hir Elteren net wollten, datt si zesummekommen. Fir Kontakt mateneen ze halen, hunn déi jonk Verléift Bréiwer am Lach vun der Eech deponéiert a sech esou onopfälleg geschriwwen. Mat der Zäit krute si hir Elteren awer iwwerzeegt, datt si zesummekommen dierfen an esou goufe si 1891 bestuet... Dat natierlech genau ënnert dëser Eech, déi eng wichteg Roll an hirer Léift gespillt huet. Zanterhier sollen op d’mannst 10 Koppele sech mat Hëllef vun dësem Bam fonnt hunn.

D’Eech steet an engem Deel vu Bësch mat ville weideren ale Beem. Si ass geschützt an déngt och verschidde klenge Vigel als Heem.