A Frankräich ukommCéline Dion zu Paräis begeeschtert vu Fans empfaange ginn

RTL Lëtzebuerg
Ronn zwou Wochen virum Optakt vun enger Rei Concerten a Frankräich ass d’Céline Dion an der franséischer Haaptstad ukomm.
D'Céline Dion ass zu Paräis frëndlech empfaange ginn
D'Céline Dion ass zu Paräis frëndlech empfaange ginn
© THOMAS SAMSON/AFP

Ronn zwou Wochen virum Optakt vun enger Rei Concerten a Frankräich ass d’Céline Dion zu Paräis ukomm. Vu Las Vegas war si am Privatjet an déi franséisch Haaptstad geflu ginn an huet sech e Freideg am fréien Nomëtteg no bei Champs Elysées an engem Luxushotel néiergelooss.

Dobäi huet si sech Zäit geholl, fir de sëllege Fans Merci ze soen fir déi frëndlech Begréissung.

Céline Dion zu Paräis begeeschtert vu Fans empfaange ginn
Ronn zwou Wochen virum Optakt vun enger Rei Concerten a Frankräich ass d’Céline Dion an der franséischer Haaptstad ukomm.

No sechs Joer Absence vun der Bün, bedéngt duerch gesondheetlech Problemer, wäert déi weltbekannt Sängerin zu Nanterre 16 Concerte ginn. Optakt an der Plenitude Arena, an där méi wéi 30.000 Fans Plaz fannen, wäert den 12. September sinn.

Fir d’nächst Joer si schonn 10 weider Optrëtter geplangt, déi och a Rekordzäit ausverkaaft waren.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO