
Op dësem gesäit een d’SPD-Politikerin zu Berlin op der Strooss e klengen Discours halen, mä den Optrëtt wierkt penibel a verkrampft. Wéinst Freedefeier a Knupperten héiert een si kaum an hir Aussoen sinn deels onglécklech. D’Christine Lambrecht seet zum Beispill “Et ass Kirch an Europa” an am selwechten Otemzuch seet si, si hätt d’lescht Joer “Super Leit” kennegeléiert. Dat alles wéi gesot mat Knupperten am Hannergrond.
D’Christine Lambrecht gouf zanterdeem si Verdeedegungsministesch ass dacks kritiséiert, notamment well d’Moderniséierung vun der Bundeswehr net gutt virukéim.