Ronn 10 Joer ënnerweeDän wëll als éischt Persoun ouni Fliger all Land op der Welt bereest hunn

RTL Lëtzebuerg
De 44 Joer alen Torbjörn Pedersen - genannt Thor - ass e Mëttwoch bei sech doheem an der dänescher Hafestad Aarhus ukomm.
© JAMES BROOKS AFP

Dat nodeems hie sech Enn Mee op engem Containerschëff vun de Maldiven aus a Richtung Dänemark op de Wee gemaach hat. D’Maldiven wieren dem Thor no dat 203. Land, dat hien op der Welt bereest huet. Dat wuelgemierkt ouni dotëscht doheem an Dänemark gewiescht ze sinn.

Ma domat net genuch, wéi hien a sengem Blog schreift, wier hien déi éischt Persoun, där dat gelongen ass, all Land op der Welt ze bereesen, ouni dofir e Fliger benotzt ze hunn. Ausserdeem hätt hien op senger Rees, eegenen Aussoen no, ni en Auto gelount, mä alleguer d’Strecken ëmmer zu Fouss oder mat ëffentleche Verkéiersmëttel zeréckgeluecht, fir op dës Manéier ënnerwee méiglechst vill Leit kennen ze léieren.

Éier de Pedersen sech den 10. Oktober 2013 op de Wee gemaach hat, hat hien ënner anerem an der Schëfffaartbranche an als UN-Blohelm geschafft. Insgesamt war hie fir seng Rees also net grad 10 Joer ënnerwee. Allerdéngs souz hie wéinst der Coronapandemie och ganzer 2 Joer zu Hong Kong fest. Seng Bezéiung huet et trotzdeem iwwerlieft. Seng Partnerin war hie wärend sengem Trip nämlech 27 Mol besiche komm.

Back to Top
CIM LOGO