
Op der grousser Plaz, déi un de Stater Quartier Lampertsbierg grenzt, erënnert haut kaum nach eppes un hire fréieren Notzen. De ronn 4 Hektar grousse Parking, op deem zanter 1893 all Joer d’Schueberfouer organiséiert gëtt an de Glacismaart, Zirkussen, Concerten a Foirë Plaz fannen, huet säin Numm nämlech aus dem Festungsbau.
E “Glacis” ass en iwwersiichtlecht, fräit Broochland, dat erhéicht virum Gruef vu Festungsmauere läit. Dofir gëtt virum Gruef vun enger Festung Buedem opgeschott, wouduerch dem Ugräifer de Wee bei d’Festung méi schwéier gemaach gëtt. Am Laf vun de Jore goufen d’Glacisen och ëmmer méi héich opgeschott, fir datt et dem Géigner guer net gelénge sollt, iwwerhaapt bei d’Maueren ze kommen. D’Plaz déngt ausserdeem als Schossfeld a bitt dem Géigner méiglechst wéineg Schutzméiglechkeeten. Och haut fënnt een nach e villen europäesche Stied wéi Gibraltar, Wien, Hamburg oder Stroossbuerg Plazen- oder Stroossen, déi den Numm Glacis droen.
Nom Schleefe vun de Festungsmaueren ass de Glacis laang eidel bliwwen. Ëmmer erëm gouf et Iddie fir d’Gestaltung vun der Plaz. Vun enger Kathedral, iwwer eng Foiresplaz bis zum Stater Kolléisch - iwwer alles gouf debattéiert, ma um Enn gouf awer ni eppes aus de Projeten. Nëmmen d’Schueberfouer konnt sech duerchsetzen an ass 1893 op de Glacis geplënnert. Hei huet sech déi fréier Handels- a Verkafsfoire zu enger richteger Kiermes entwéckelt, déi haut all Joer iwwer 2 Millioune Visiteuren zielt.
De Glacis gëtt duerch d’Avenue de la Faiencerie an duerch d’Avenue Victor Hugo an dräi Plaze gedeelt. Den ënneschten Deel, op deem d’Busser Plaz fannen, gëtt Klenge Glacis genannt, den ieweschten Deel ass de Päerdsmaart. Och de Boulevard Robert Schuman mam Groussen Theater war fréier en Deel vum Glacis. De Staat hat deen Deel am Mäerz 1940 kaf, fir hei en neit Gebai vum Stater Kolléisch drop ze bauen. Duerch déi däitsch Invasioun allerdéngs ass aus dem Bau vum Lycée um Glacis ni eppes ginn. 1964 ass déi eelst Secondaire-Schoul zu Lëtzebuerg an en neit Gebai um Geesseknäppche geplënnert.
Och haut gëtt ëmmer nees doriwwer diskutéiert, d’Fläch um Glacis ze bebauen, respektiv anescht ze notzen. Bis ewell ass d’Stater Gemeng awer ëmmer dobäi bliwwen, de grousse Parking um Glacis ze loossen. Esou kann ee sech dann och an Zukunft weider iwwer eng Plaz fir säin Auto, d’Schueberfouer oder déi aner sëllegen Eventer freeën, déi um Glacis d’Mënschen zesumme bréngen.
D’Place Émile Hamilius oder einfach: den “Hamilius”D’Place d’armes, d’Plëss oder d’Plëss d’Arem?
Nogefrot: PAG a PAP: Wéi gëtt festgehalen, wou wat dierf gebaut ginn?