Wéi gëtt festgehalen, wou wat dierf gebaut ginn?
PAG a PAP si Begrëffer, déi een dacks héiert. Zum Beispill wann et heescht, dass e PAG muss geännert ginn.
Ma wat stécht eigentlech hannert dëse Begrëffer a firwat brauch et de System aus PAG a PAP fir eng koherent Gemengeplanung eigentlech? Den Urbaniste Lex Faber huet eis dës an e puer aner Froen iwwer d'Gemengeplanung zu Lëtzebuerg beäntwert.
Wat ass eigentlech e PAG?
Ugefaange beim Plan d'aménagement général - kuerz och nach PAG genannt. Dëse Plang gëtt vun enger Gemeng fir de ganzen Territoire vun der Gemeng opgestallt. E leet fest, wat wou dierf gebaut ginn. Dofir gëtt den Terrain vun der Gemeng am PAG a verschidden Zonen agedeelt, vun der Wunnzon iwwer d'Aktivitéitszon, bis zu der "Zone Mixte". Ma och wann an enger Zon am Prinzip net dierf gebaut ginn, gëtt dat am PAG festgehalen. An dem Fall schwätzt ee vun enger "Zone Verte".
An der Reegel schafft de Schäfferot vun enger Gemeng de PAG zesumme mat engem Urbaniste-Büro aus. Duerno kritt de Gemengerot dann de Plang proposéiert. De PAG ass dann d'Resultat vun enger Prozedur bei där d'Gemeng mat aneren Acteuren, wéi de Ministèren an de Bierger interagéiert.
Wat ass dann elo e PAP?
Wärend de PAG déi grouss Reegelen opstellt, ginn d'Detailfroen am Plan d'aménagement particulier, also am PAP gekläert. An Zukunft wäert et fir all Beräich vum Perimeter, an deem dierf gebaut ginn, e PAP ginn. An dësem ass dann zum Beispill genee festgehalen, a wéi engen Dimensiounen ee bauen dierf a wéi eng Ofstänn zu deenen anere Gebaier ee respektéiere muss.
Et gëtt iwwerdeems tëscht zwou Forme vu PAP ënnerscheet. Fir d'Quartieren, déi et scho ginn, gëtt et de "PAP quartiers existants". Well et an de bestoende Quartiere jo am Prinzip schonn alleguer d'Strukturen existéieren, ginn d'PAP quartiers existant parallel zum PAG opgestallt. Wann een an engem existéierende Quartier baue wëll, kann ee sech d'Krittären, déi ee muss anhalen, ukucken an dann direkt eng Baugeneemegung ufroen.
Wann awer op enger Fläch e ganz neie Quartier entsteet, muss e sougenannte "PAP nouveau Quartier" ausgeschafft ginn. Well hei en urbanistescht Konzept opgestallt an nei Infrastrukture musse gebaut ginn, gëtt des Zort vu PAP an der Reegel eréischt opgestallt, wann de PAG bis duerch ass.
Wat passéiert, wann e PAG oder PAP muss geännert ginn?
Wann dann e PAG oder PAP muss geännert ginn, passéiert dat am Prinzip op déi nämmlecht Manéier ewéi bei enger Neiopstellung. Konkret bedeit dat, dass nees eng Concertatioun mat deene betraffenen Acteure muss sinn. D'Gemeng muss sech also mat de Ministèren op der enger Säit a mat de concernéierte Proprietären op der anerer Säit concertéieren. Den Dossier, deen op dës Manéier ausgeschafft gëtt, muss da wärend 30 Deeg ëffentlech publizéiert ginn. Wärend dëser Zäit kann d'Ëffentlechkeet hir Observatiounen eraginn an déi zoustänneg Ministèrë mussen en Avis ofginn. D'Gemeng kuckt sech dann déi verschidde Positiounen un a muss déi berécksiichtegen. Duerno gëtt dann e finale PAG oder PAP ugeholl, deen da muss geneemegt ginn. Wéi laang dat am Eenzelfall dauert, hänkt vun der Envergure vun der Ännerung of.
Firwat brauch et PAGen a PAPen?
Am Urbanisums géif et dem Lex Faber no am Endeffekt dorëms goen, den ëffentlechen Interessi ze garantéieren. Dofir misst een en Ausgläich tëscht verschiddene Prioritéite fannen. PAGen a PAPe wieren an deem Sënn, a leschter Linn politesch Dokumenter déi vun engem Gemengerot gestëmmt an autoriséiert ginn.
E weidere wichtege Punkt, deen et dem Lex Faber no ze berécksiichtege géif, wier dee vun enger koherenter Landesplanung. Wann een esou eng wéilt, wier et wichteg, op lokalem Niveau Instrumenter ze hunn, déi et erlaben, national Ziler lokal ëmzesetzen.
Kann ech mech un der Gemengeplanung bedeelegen?
Wann e PAG oder PAP ausgeschafft gëtt, mussen d'Pläng ëffentlech ausgeluecht ginn. Se kommen dann och op den Internetsite vun der Gemeng. Als Awunner vun der Gemeng, kann ee sech déi Pläng dann ukucken a schrëftlech Observatiounen u säi Schäfferot schécken. Am Fall vun der PAG-Prozedur, muss een dann och vum Schäfferot gehéiert ginn, an eng schrëftlech Äntwert op seng Observatioune kréien.
Iwwerdeems wier et esou, dass a leschter Zäit ëmmer méi staark op déi ganzheetlech Biergerbedeelegung gesat gëtt. Ëmmer méi dacks géifen Informatiounsversammlungen, Workshoppen oder aner Formater, bei deene Bierger sech kënnen informéieren oder bedeelegen, organiséiert.