Den "Hamilius", d'"Plëss" oder de "Gaalgebierg" dierfte villen e Begrëff sinn. Ma wouhier hunn d'Plazen an d'Stroossen zu Lëtzebuerg eigentlech hir Nimm?

D'Plëss d'Arem, wéi d'"Place d'Armes" op Lëtzebuergesch genannt gëtt, ass haut Deel vun der Foussgängerzon an der Uewerstad. Ronderëm fënnt ee Caféen, Restauranten a Büroen, grad ewéi dat grousst Verwaltungsgebai "Cercle Cité". An der Mëtt vun der Plaz ass e sougenannte Musekskiosk, dee virun allem am Summer fir Concerte genotzt gëtt.

D'Geschicht vun der "Plëss" geet bis an d'17. Joerhonnert zréck, wéi den hollännesche Gouverneur Comte de Monterey zesumme mam Militäringenieur Louvigny fir d'Verstäerkung vun de Festungsmaueren eng 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss huet. D'Awunner aus deenen Haiser goufen dofir an d'Uewerstad ëmquartéiert, wou virdrun d'Gäert vun de Franziskaner an de Jesuitte waren. Ageweit gouf d'Plëss zesumme mat den neie Stroossen, déi ronderëm verlafen, den 10. August 1671.

Déi zentral Plaz, duerch déi, fréier ewéi haut, eng Allee mat Beem geet, hat bis am 19. Joerhonnert e militäresche Charakter. Op deem engen Enn vun der Plëss stoung déi fréier däitsch Haaptwuecht, déi 1827 gebaut an 1902 fir de Bau vum Cercle ofgerappt gouf. Bis dohi war et fir Ziviliste verbueden, op d'Plaz virun der Wuecht ze goen. Iwwerwaacht gouf d'Plëss vun engem Wuechtzaldot. Vis-à-vis vun der Garde stoung och d'Haus vum Militärgouverneur. Déi grouss, fräi Plaz tëscht der Wuecht an dem Gouverneurshaus gouf ausserdeem vun der däitscher Arméi fir Militärparade genotzt. Bis 1867 stoung hei och nach e Buer, dee 1741 fir d'Drénkwaasserversuergung vun der Festung gegruewe gi war. Och haut gëtt et de Schacht bis an d'Péitruss nach ëmmer, ofgedeckt mat enger Plack, déi un de Pëtz erënnert.

Nom Réckzuch vun den däitschen Truppe gouf d'Wuecht vun der Lëtzebuerger Jeeërbatallioun iwwerholl, dono hu sech d'Police an d'Pompjeeën am Gebai etabléiert, bis d'Garde 1902 ofgerappt gouf. De Joseph Heintz-Michaelis, Bouf vum Grënner vun der Tubaksfabrick Heintz Van Landewyck, hat d'Haaptwuecht deemools kaf an am Park vun der Fabrick zu Hollerech erëm opbaue gelooss.

Den éischte Kiosk fir Concerte gouf 1875 um ale Parvis vun der Haaptwuecht opgeriicht ginn, wou d'Garnisounsmusek, d'Stater Fanfaren an d'Betribsorchestere vun der Schampeskellerei Mercier a vu Paul Wurth mat hire Concerten eng Traditioun ugefaangen hunn. 1936 hat den ale Pavillon ausgedéngt an huet misse Plaz fir e méi groussen a prestigiéise Kiosk Plaz maachen.

Am 20. Joerhonnert gouf déi éischter roueg "Paradeplaz" als Parking genotzt, bis datt d'Plaz 1969 komplett fir de Verkéier gespaart an d'Dräikinneksgaass zesumme mat der Paschtoueschgaass zu enger Foussgängerzon gi sinn. Lues a lues sinn iwwerdeem d'Traditiounshaiser an Institutioune wéi d’Dréckerei Beffort, de Café Jentgen, d'Epicerie Glod-Volz oder d'Pharmacie de la Licorne duerch Restauranten, Hoteller, Caféen a Fast-Food-Chaînen ersat ginn.

Haut ass d'Plëss, wéi gesot, eng zentral Plaz an der Uewerstad, wou d'Leit sech treffen a Concerte gespillt ginn. Vu Mäerz bis Oktober ass all zweete Samschdeg Floumaart, am Hierscht de Bichermaart an Enn des Joers de Chrëschtmaart.

Serie: "Wou kënnt eigentlech den Numm hier?"