
Wéi den amerikanesche Musek-Magasinn “Rolling Stone” schreift, géif d’Julia Holcomb dem Tyler sexuell Iwwergrëffer reprochéieren. De Virworf, dass de Museker eng sexuell Bezéiung mat engem Mannerjäregen hat, steet schonn zanter Joren am Raum. Hien huet dann och a senger Autobiographie zouginn, dass hien an de 70er eng Bezéiung mat engem deemools 16 Joer ale Meedchen hat. Dësem seng Eltere wieren awer mat der Relatioun averstane gewiescht an hätten dem Tyler esouguer d’Tutelle iwwert d’Meedchen iwwerschriwwen, fir dass hien hatt mat op d’Tour vun Aerosmith huele kéint.