Am Alter vun 93 JoerD'US-Tëleesperséinlechkeet Barbara Walters ass dout

RTL Lëtzebuerg
Déi bekannt Journalistin ass am Alter vun 93 Joer gestuerwen.
© AFP/File/NICHOLAS ROBERTS

D’Barbara Walters war déi éischt Fra, déi an den USA eng national Noriichtesendung am Owesprogramm presentéiert huet.

Si ass ausserdeem duerch eng Rei gréisser Interviewe bekannt ginn an huet nieft US-Presidenten och mat auslännesche Staatscheffen, wéi zum Beispill dem Fidel Castro, geschwat.

Nieft méi politeschen Themen huet si an hirer Karriär, déi iwwer fënnef Joerzéngte gelaf ass, och eng sëllege Promien interviewt.

Hire laangjäregen Employeur ABC huet an der Matdeelung zum Doud vun der Journalistin, déi ënner anerem 12 Emmyen gewonnen huet, keng Prezisiounen zu den Ëmstänn vun hirem Doud ginn.

Back to Top
CIM LOGO