
Zigarette fëmmen, ass eng Sucht an et ass immens schwéier längerfristeg nees op den Nikotin ze verzichten. En neien Trend weist, dass vill Fëmmerte fir d'éischt emol op Alternativen zeréckgräifen, ier se eventuell komplett ophalen. De Gros benotzt dofir entweder eng Nikotin-Plooschter oder e Knätsch, vill gräifen awer och zum Vape, ob mat oder ouni Nikotin. Wéi eng Method besser ass, huet elo eng Etüd beliicht.
D'Etüd vum internationale Fuerschungsnetzwierk Cochrane huet gewisen, dass ee méi eng grouss Chance huet, opzehalen, Zigarette ze fëmmen, wann een op eng nikotinhalteg E-Zigarett zeréckgräift. 8 bis 10 vun am Ganzen 100 Testpersounen hunn et esou gepackt, op déi Manéier op d'mannst 6 Méint komplett op Zigaretten ze verzichten. Bei anere Methode war de Succès däitlech manner héich, mat just 6 Prozent. Den Nodeel: E-Zigaretten, och Vapes genannt, sinn net onbedéngt harmlos.
Wat d'Niewewierkunge tëscht E-Zigaretten oder klasseschen Nikotinersatzproduiten betrëfft, goufe keng gréisser Ënnerscheeder festgestallt. Houscht, Schwindel oder Häerzklappen trieden änlech heefeg op. Ob E-Zigaretten allerdéngs laangfristeg manner gesondheetlech Suitten hu wéi déi elektronesch Form, kann een elo nach net soen. Bei de meeschten Etüde goufen d'Participante maximal 1 bis 2 Joer beobacht. Et bréicht fir méi eendeiteg Resultater awer méi laang Kontrollen.
D'Cochrane-Netzwierk erstellt Informatiounen zu medezinesche Froen op Basis vun héichwäertegen Etüden. Fir dës Iwwersiichts-Etüd goufen d'Date vun 80 kontrolléierten Etüde mat am Ganzen 29.861 Participante benotzt a matenee verglach. D'Etüde stamen aus 13 Länner, dorënner USA, Groussbritannien an Australien. Et huet sech gewisen, dass ee mat E-Zigaretten an 8 bis 10 Prozent vun de Fäll Succès huet, opzehalen, regulär Zigaretten ze fëmmen. Am Verglach dozou hunn et déi Leit, déi eng Plooschter, e Knätsch, Pëllen oder aner Methode genotzt hunn, just zu 6 Prozent Erfolleg haten. Ouni Ënnerstëtzung oder aner verhalenstherapeutesch Hëllef hunn et just 5 Prozent gepackt.
Fazit: wie fëmmt a wëll ophalen, huet mat nikotinhaltegen E-Zigarette statistesch gesinn déi besser Chancen.